Konscht- a Grafikatelier zu Veianen

Den Konscht- a Grafikatelier "Atelier Säitlech Verstoppt" ass e gemeinsame Projet vun de Kënschtler Zahrée Veerman a Christiane Schmalen. Mir sinn bildend Kënschtler (arts plastiques), Grafiker, Illustrateuren a Geschichtenerzieler. Dir kënnt bei eis och Aarbechten an Optrag ginn (méi dozou ënnert "Wat mir man").

En Abléck an eisen Atelier fannt Dir och um Virtuelle KonschTour ënnert "Menü", "Atelier Säitlech Verstoppt".

Öffnungszäiten: eisen Atelier ass de Moment nëmmen op Rendez-vous op.

 

Ausstellungen a Märkt: wou mir demnächst unzetreffe sinn fannt Dir ënnert de Rubrik "Aktuelles".

 

Newsletter: Wann Dir wëllt iwwert Vernissagen, Märkt, Coursen oder soss Veranstaltungen a Projeten vun eis informéiert ginn, dann schreiwt eis en E-mail mat dem Stëchwuert "Newsletter". Mir halen eis och kuerz a knapp - versprach!

Kontakt:
Tel: +352 26 61 05 38 / +352 621 61 61 39 / +352 691 917 878
E-mail:  ateliersaitlechverstoppt@pt.lu
Adress: 5A, Rue du Ruisseau  L-9424 Vianden